Finall vu saudiarabeschem Super-CupFan peitscht Spiller vun Ekipp aus, déi verluer huet

RTL Lëtzebuerg
An der Finall vum saudiarabesche Super-Cup am Futtball huet Ittihad kloer mat 1:4 géint Al Hilal verluer.
© FAYEZ NURELDINE / AFP

Nom Match ass den Abderrazak Hamdallah mat senger Waasserfläsch am Grapp bei d’Gradine gaangen. Et koum zu engem Wuertwiessel mat de Supporter an de marokkaneschen Ugräifer huet Waasser aus senger Fläsch op ee vun de Männer op der Tribün gesprutzt.

Dat wollt dëse sech allerdéngs net gefale loossen. Hien huet kuerzerhand eng Peitsch rausgeholl an huet op de Spiller ageschloen. E puer Persounen hu mussen dertëscht goen, fir dass d’Situatioun net weider eskaléiert. Firwat et genee zum Sträit koum, ass den Ament net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO