
Zil vum Gesetz wier et, dat scho bestoend Fëmmverbuet fir Banneraim auszebreeden, "fir déi ëffentlech Gesondheet besser ze schützen an op eng tubakfräi Generatioun hinzewierken", esou déi spuenesch Santésministesch Mónica Garcia nodeems den Entworf vun der Regierung ugeholl gouf.
"D'Zil ass einfach: Propper Loft soll a gemeinsam genotzte Raim zur Norm ginn", sou d'Garcia. Schwanger Fraen a Leit Asthma sollte Restaurantsterrassen notze kënnen, ouni dem Damp vun anere Gäscht ausgesat ze ginn. D'Verbuet soll och fir Vapes gëllen a soll nieft Terrassen an der Gastronomie och "Busarrêten, Zucharrêten, Universitéitssitten, Sportsanlagen, Piscinen a Plagë" betreffen, sou nach déi zoustänneg Ministesch.
Des weideren huet de Projet de loi dann och d'Zil, den Tubakkonsum fir Mineuren ze verbidden, souwéi all Aarte vu Reklamm fir Tubak an E-Zigaretten z'ënnersoen. Den Text muss allerdéngs elo nach vum Parlament ugeholl ginn, an deem déi lénksorientéiert Minoritéitsregierung vum Premier Pedro Sánchez keng eege Majoritéit huet.
De Gesetzesentworf kéint eng hefteg Reaktioun am Gastronomiesberäich ervirruffen. A Spuenien ass d'Baussegastrononomie besonnesch am Summer immens beléift a stellt och e wichtege Wirtschaftsfacteur duer.
Donnéeë vum Gesondheetsministère aus dem Joer 2024 no fëmme 26 Prozent vun der erwuessener spuenescher Populatioun. All Dag stierwen am südwesteuropäesche Land iwwerdeems ronn 50.000 Leit un de Konsequenze vum Tubakkonsum. An allen ëffentlechen zouene Raim ass d'Fëmmen dann och schonn zanter 2011 verbueden.