Missioun "Polaris Dawn"Fir déi éischte Kéier waren 2 Astronaute fir e private Spadséiergang am Weltraum

RTL Lëtzebuerg
Ronn 740 Kilometer iwwert der Äerd huet de Spadséiergang vun der privater Missioun "Polaris Dawn" ugefaangen. Dono war een op 600 Kilometer.
1er astronaute "privé" dans l'espace
SpaceX

Op Livebiller vun der privater Raumfaartentreprise SpaceX war ze gesinn, wéi de Milliardär a Financier vum Vol Jared Isaacman an engem spezielle Kostüm aus der Luck vum Raumschëff “Crew Dragon” koum. Dono war et un der Rei vun der SpaceX-Astronautin Sarah Gillis.

D’Zäit dobaussen ass déi risikoräichst vun der ganzer Missioun. Déi zwee Astronaute si mat de Féiss mat enger Zort Leeder verbonnen a kréie Loft aus engem Schlauch.

1965 war den éischte Mënsch fir 12 Minutten am Weltraum. Dat war de sowjetesche Kosmonaut Alexei Leonow. Deemools hat säi Kostüm sech esou opgeblosen, datt hien net méi duerch d’Luck gepasst huet. Hien huet missen Drock ofloossen, fir z’iwwerliewen.

Back to Top
CIM LOGO