
Net méi laang an et ass grouss Vakanz. D’Kanner hunn aacht Woche Summerpaus an och sëllege Leit hei am Land huele sech an där Zäit fräi. De Gros zitt et an de Süden un d’Mier a fir dohin, muss een dann och emol an de Fliger klammen.
Besonnesch elo, nom trageschen Accident vum Air-India-Fliger en Donneschdeg 12. Juni, bei deem iwwer 240 Persounen ëm d’Liewe komm sinn, hu vill Leit Bedenken. Et war dee leschte vun enger Serie déidleche Fligerkatastrophen hannerteneen. Do ass et verständlech, dass d’Angscht virum Fléie wiisst.
E kuerzen Iwwerbléck:
Zu anere Virfäll mat Fligere reit sech nach en Accident vum Februar an, wou zwee Fligere mateneen zu Seattle beim erarullen um Tarmac matenee kollidéiert waren. Zu Denver ass eng Maschinn vun der American Airline no der Landung a Flamen opgaangen an am Abrëll ass dann och nach e Sightseeing-Helikopter zu New York erofgefall.

Fléie sou sécher wéi nach ni
Et ass verständlech, dass ee sech Gedanke mécht, ob een dann tatsächlech nach soll an d’Vakanz fléien. Tatsaach ass, Fléien ass esou sécher wéi nach ni an Accidenter sinn éischter seelen, wann och méi spektakulär. Dat erkläert och, wisou grad Tragedie mat Fligeren eis méi am Gediechtnes bleiwen. All Accident mécht d’Fléien awer och eng Grëtz méi sécher.
Experte soen, dass de Fliger huelen nach ëmmer zu de séchersten Transportméiglechkeete gehéiert. Etüden a Rankinge beleeën dëst. Heivir gi Facteure wéi d’Unzuel vun den Accidenter an Doudesfäll, d’Fluchstonne pro geflunne Kilometer, den Alter an d’Revisioune vun de Maschinne souwéi d’Erfarung an d’Ausbildung vun de Pilote verglach.
De rezentste Ranking huet AirlineRatings.com elo verëffentlecht, a Kollaboratioun mat Skyscanner, der Reservatiounsplattform fir Flich. Si hunn net just déi sécherst Fluchgesellschafte weltwäit ënnert d’Lupp geholl, ma och déi bëllegst. 385 Airlines goufen analyséiert an déi 25 bescht ervirgestrach.
Der CEO Sharon Peterson no wier et immens knapp tëscht Air New Zealand a Qantas gewiescht mat just 1,50 Punkten Ënnerscheed. Bei dësen Airlines wieren d’Pilote besonnesch gutt trainéiert a si hätten déi bescht Sécherheetsstandarden, woubäi Air New Zealand déi méi jonk “Maschinerie” hätt.
Markant wier och, dass am Verglach mam Ranking vum leschte Joer, mat Iberia a Vietnam Airlines, zwou Gesellschafte ganz nei mat dobäi sinn. Donieft hätt et d’Korean Air an d’Top 10 gepackt. Allerdéngs fält och op, wie rausgeflunn ass aus dëser Lëscht. Dat si Singapore Airlines a KLM.

An hei ass eng Airline besonnesch ervirzesträichen. D’HK Express, déi nach guer keen Incident ze vermierken huet, hält domat och de Rekord a puncto Sécherheet. Ganz nei an der Top-25-Lëscht sinn nach Zipair, Jet2 an Air Baltic gelant.
Eng rezent Saftey-Etüd huet erginn, dass de globale Risk u Bord vun engem Fliger ze stierwen tëscht 2018 an 2022 bei ongeféier 1 zu 13,7 Millioune louch. Wann een dës Zuel mat deene vun der WHO a puncto Accidenter am Stroosseverkéier vergläicht, déi 2023 bei ronn 1,19 Milliounen. Dat entsprécht engem Taux vun zwee Doudeger pro Minutt.