
E Mëttwoch de 4. Oktober war um Londoner Fluchhafe Stansted e Fliger 10 Minutten éischter gelant, wéi geplangt. Wéi d’Maschinn no der Landung a Richtung Gate gerullt ass, ass de Fliger an enger Kéier an e Won gerannt, deen eigentlech d’Passagéier hätt sollen transportéieren, déi net goe kënnen.
Op engem Video, deen an de soziale Medie ronderëm geet, ass ze gesinn, wéi den Auto vun der Säit op d’Boeing 737-800 duer rullt, éier en ofbremst an am leschte Moment probéiert no hannen ze fueren. Trotzdeem ass et net duergaangen, fir d’Kollisioun ze verhënneren. Weider ass ze gesinn, wéi de Fliger trotz Schued um Flillek an déi zougewise Parkpositioun fiert.
Wéi d’Zeitung Trierer Volksfreund schreift, soll wuel kengem Passagéier eppes geschitt sinn. Den 13 Joer ale Fliger, deen déi iresch Bëllegfluchgesellschaft am September 2010 kritt soll hunn, soll zanter der Kollisioun um Fluchhafe Stansted stoen.