Op der Fouer goufen d'Inte geseentForainen zéien e positive Bilan nom éischte Weekend

RTL Lëtzebuerg
D’Forainen zeien no den éischten dräi Deeg e positive Bilan, virun allem well d’Wieder gutt matgespillt huet.

Den éischte Fouer-Weekend vun der Editioun 2025 ass gepackt. Konkret Zuele goufen an der Pressekonferenz vu knapp 20 Minutten zwar net genannt, ma wann déi nächst zwou Wochen esou weider gi wéi déi lescht Deeg, géif een tëscht annerhallwer an zwou Millioune Visiteuren um Glacis erwaarden. Dëst Joer sinn och wéi ëmmer eng Rëtsch Lëtzebuerger Forainen op der Schueberfouer vertrueden, an déi ginn och ëmmer méi jonk.

D’Schueberfouer ass déi gréisste Kiermes an der Groussregioun. Als Organisateur probéiert een dofir och de Lëtzebuerger Forainen eng Plattform ze bidden, wéi de Laurent Schwaller, Responsabele vun der Stad Lëtzebuerg a sougenannte Fouermeeschter, eis erkläert:

“D’Lëtzebuerger, dat ass éischter Kannergeschäfter an d’Restauranten. Mir hunn eng 90 Lëtzebuerger Betriber hei bei 200 am Ganzen, dat heescht de Lëtzebuerger Deel ass bal d’Hallschent. Dat ass scho grouss representéiert, an da gi mer natierlech Frankräich, Däitschland, an dann natierlech och d’Belsch, d’Hollänner.”

Forainen zéien ee positive Bilan nom éischte Weekend
D’Forainen zeien ee positive Bilan vun den éischten dräi Deeg, virun allem well d’Wieder gutt matgespillt huet.

Ee sou ee Lëtzebuerger Betrib ass d’Intebud vun der Famill Clement. D’Duechter vu 26 Joer, d’Shirley Clement, huet de Betrib elo an der fënnefter Generatioun iwwerholl. Fir d’Editioun 2025 ass d’Bud och ganz nei gemaach ginn:

“Mir hate schonn eng änlech Intebud wéi déi doten, mee déi war al a mir woussten, mir musse souwisou een neie Projet starten, an do hu mer deen da fir dëst Joer gestart. An dat, wat ganz nei dobäi ass: mir hunn alles selwer, also selwer Hand ugeluecht a se ganz eleng gebaut, an déi ganz Famill huet iwwerall eng Hand mat ugepaakt, dat heescht et ass vu jidderengem ëmmer eppes gemaach ginn, an ech denken, dass ech dee Risiko och wäert aginn, an dass dat och wäert klappen.”

Fir der neier Bud vill Succès mat op de Wee ze ginn, gouf se e Méindeg de Moie vum Aumônier vun de Lëtzebuerger Forainen, dem Generalvikar Patrick Muller, geseent. Eng Traditioun, déi et net méi sou dacks gëtt:

Patrick Muller: “Sou dacks hunn ech déi Ufro jo och net, ech hu jo emol déi eng oder aner Bud ageseent awer nach ni eng Intebud, nach ni e Spill fir Kanner. Dat war fir mech eng Première, dofir huet et mech gefreet well ech kennen d’Famill Clement entretemps e bësse gutt, an ech sinn ëmmer frou, wann ech mat hinnen eng nei Etapp ka maachen.”

De 5. September ass dann och déi traditionell Forainsmass an der Glaciskapell.

Back to Top
CIM LOGO