Mat elektreschem RollstullFra a Rheinland-Pfalz fiert duerch d'Glasfront vun enger Bank

RTL Lëtzebuerg
Eng 60 Joer al Fra gouf liicht blesséiert, wéi si mat hirem Rollstull duerch d'Fënstere vun enger Bank gebrach ass.

Nodeem si de Bankomat benotzt hat, wollt si ëm déi aner Geldautomate fueren, ass awer mam Gashiewel vun hirem Rollstull hänke bliwwen an duerch déi gliese Fënster gebrach, esou d’Police vu Landau en Donneschdeg.

D’Fra gouf beim Tëschefall liicht blesséiert, d’Glasfront dogéint gouf komplett zerstéiert. Well de Rollstull, mat deem d’Fra ënnerwee war, dem Spidol gehéiert, ass aktuell nach net kloer, ob eng Versécherung dofir opkënnt.

Back to Top
CIM LOGO