Als bekannte Schauspiller ausginnFra gëtt vun Onéierlechen ëm 95.000 Euro beduckst

RTL Lëtzebuerg
Zwee Onbekannter hu sech enger 35 Joer aler Fra vun Erfurt (D) géigeniwwer als de bekannte britteschen Acteur Henry Cavill ausginn a si ëm d'Zomm bedrunn.
© AFP/Archiv/Odd ANDERSEN

D’Fra soll e “grousse Fan” vum Schauspiller sinn, dee besonnesch fir seng Verkierperung vum Comic-Held Superman ass. Si krut deemno vun den Onbekannten, déi sech als dësen ausginn hunn, en Treffe proposéiert, misst heifir awer héich Geldzommen iwwerweisen. Nodeems si ronn 95.000 Euro u verschidde Konten iwwerwisen huet, ass hir d’Arnaque opgefall an huet Plainte bei der Police deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO