Hat op eemol KappwéiFra huet 80 Joer laang mat engem Nol vun dräi Zentimeter am Kapp gelieft

RTL Lëtzebuerg
A Russland huet eng Fra ganzer 80 Joer laang mat engem Nol am Gehier gelieft, ouni et ze mierken.

Dokteren hunn de Friemkierper bei enger Computertomographie entdeckt. Dat huet déi lokal Gesondheetsagence an der Regioun Sachalin gemellt. Si ginn dovun aus, dass d’Eltere vun der Fra wuel versicht hunn, hiert Kand direkt no der Gebuert ëmzebréngen.

“Esou Fäll waren an den Hongerjore keng Seelenheet”, sou hir Erklärung. Wärend dem Zweete Weltkrich waren an der kompletter Sowjetunioun d’Liewensmëttel knapp. Honger a batter Aarmut hu warscheinlech zur Decisioun vun den Eltere gefouert, hiert Kand mat enger Nol an de Kapp bis an d’Gehier ze picken, fir et dout ze maachen. Ma d’Meedchen huet de Mordversuch iwwerlieft.

Déi haut eeler Fra hat eegenen Aussoen no virdrun nach ni Kappwéi. D’Dokteren hunn awer decidéiert, den Nol dran ze loossen, well de Risk besteet, dass hire Gesondheetszoustand sech verschlechtert, wa versicht gëtt, den Nol no 80 Joer aus dem Kapp ze zéien. Hiren Zoustand gëtt awer vun elo un iwwerwaacht.

Back to Top
CIM LOGO