Et war net den Homer S.Fra huet an Australien eng Camionnette mat 10.000 Donuts dra geklaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police konnt eng Fra verhaften, déi e Liwwerwon vun der Restaurant-Chaîne Krispy Kreme geklaut hat.
© AFP

Viru ronn enger Woch war d’Camionnette op enger Tankstell zu Sydney geklaut ginn. D’Police geet dovunner aus, datt déi 28 Joer al Täterin sech einfach hannert d’Steierrad vum Won gesat huet a mat dësem, dee mat ronn 10.000 Donuts beluede war, einfach fortgefuer ass.

De Liwwerwon, deen du verlooss war, gouf méi spéit op engem Parking an engem Viruert vun der Metropol erëmfonnt. D’Donuts, déi nach am Won waren, hätt een awer net méi kéinten iessen. Vun der Police heescht et, datt déi geklaute Wuer “vernicht” gouf.

Ermëttlunge lafen elo wéinst Mathuele vun engem Liwwerwon, ouni d’Zoustëmmung vum Besëtzer.

Back to Top
CIM LOGO