IrlandFra verléiert Schuedenersatz-Klo wéinst kuriéiser Foto

RTL Lëtzebuerg
Well si zanter engem Accident 2017 ënnert massive Péng am Réck leit, wollt eng Irin iwwer 700.000 Euro vun enger Versécherung akloen, huet awer verluer.
© JULIAN STRATENSCHULTE / dpa Picture-Alliance via AFP

De Grond? Eng Foto vun der Fra aus dem Joer 2018, déi unzweiwele léisst, ob si wierklech ënner sou vill Péng leit, wéi si virum Geriicht zu Limerick behaapt huet. D’Fra, déi ausgesot huet, datt et hir zanter dem Accident onméiglech wier ze schaffen, oder mat hire Kanner ze spillen, ass op dëser Foto ze gesinn, wéi si bei enger Chrëschtbam-Wäitworf-Competitioun matmécht a selwer e ronn 2 Meter héije Bam geheit. Fir d’Riichterin e Beweis, datt der Fra hir “Behaaptunge vëlleg iwwerdriwwe sinn”.

D’Fra huet weiderhin drop bestanen, datt si ënner massive Péng gelidden huet, och wa si op der Foto glécklech ausgesinn huet, d’Geriicht huet hir Klo trotzdeem ofgewisen. Déi massiv Zomm vun 760.383 Euro, déi d’Fra agefuerdert huet, huet sech aus dem Verloscht vu vergaangenen a zukünftege Recetten zesummegesat.

Back to Top
CIM LOGO