"Ech hunn eng laang Zäit gewaart"Fraen an Usbekistan dierfen elo och als Buschauffer schaffen

RTL Lëtzebuerg
D'Saodat Shermatova huet vu Freed gekrasch wéi Usbekistan de Verbuet am Februar 2024 opgehuewen huet.
D'Saodat Shermatova fiert de Bus Nummer 51.
D’Saodat Shermatova fiert de Bus Nummer 51.
© AFP/VYACHESLAV OSELEDKO

Virdru war et de Fraen an Usbekistan net erlaabt als Buschauffer ze schaffen. “Ech hunn eng laang Zäit gewaart”, seet déi 49 Joer al Fra, déi an der Maintenance vum ëffentlechen Transport geschafft huet.

Elo fiert si op engem elektresche Bus an der Stad Tashkent wou dräi Millioune Mënsche liewen. Hire Mann, deen och als Buschauffer schafft, huet sech ufanks Suerge gemaach, mee ënnerstëtzt seng Fra an deem wat si mécht. “Hie seet mir trotzdeem all Dag, datt ech oppasse soll”, erzielt d’Saodat.

“Am Ufank hu mech vill Leit schockéiert gekuckt. Verschidde Männer hu mech gefrot, ob dat net ze schwéier fir mech wier. Anerer hunn näischt gesot, mee mech mat Onverständnis ugekuckt”, seet si weider. “Mee ech maache mir keng Suergen. Ech kréien haaptsächlech Zousproch a Gléckwënsch.”

© AFP/VYACHESLAV OSELEDKO

Back to Top
CIM LOGO