Keng gréng Luucht vu BréisselFrankräich muss 27 Millioune Mënzen aschmëlzen

RTL Lëtzebuerg
D'Entreprise "La Monnaie de Paris" muss 27 Millioune produzéiert 10, 20 a 50 Cent-Mënzen nees aschmëlzen.
© AFP (Archiv)

Beim Start vun der Produktioun hätt et vun de franséischen Autoritéiten scho gréng Luucht fir den Design gi gehat, ma den néidegen Ok vun der EU-Kommissioun hätt nach gefeelt. Véier Deeg nom Start vun der Produktioun vun de Mënze wier vu Bréissel den Design ofgeleent ginn. Op der Säit mat der Duerstellung vun Europa wieren d’Stäre vun der EU net däitlech genuch ze erkenne gewiescht. D’Mënzen, déi een neit franséischt Design hunn, hätte vum Januar u sollen an den Ëmlaf kommen, sou d’Zeitung “Les Echos” mat Verweis op Informatioune vun der Entreprise “La Monnaie de Paris”.

Wéi et aus dem Ëmfeld vu “La Monnaie de Paris” heescht, wier mëttlerweil een neien Design geneemegt ginn an d’Produktioun vun de richtege Mënze wier den Ament nach amgaangen.

Déi falsch Mënze sollen elo recycelt ginn. De finanzielle Schued kéint sech op 700.000 bis 1,2 Milliounen Euro belafen.

Mëttlerweil gouf eng Evaluatioun an d’Weeër geleet, fir Transparenz hierzestellen an ze verstoen, wat genee geschitt wier, dat huet de franséische Wirtschafts- a Finanzministère e Freideg der Noriichtenagence AFP matgedeelt an domadder Informatiounen aus de franséische Medie confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO