
Frankräich wëll vu September 2026 un e Verbuet vun de Soziale Medie fir Kanner ënner 15 Joer aféieren, fir se virun exzessiver Bildschiermzäit ze schützen. Dat ass an engem geplangte Gesetzesprojet ze liesen, deen der AFP virläit. D’Initiativ gëtt vum President Emmanuel Macron ënnerstëtzt, deen Ufank Dezember schonn annoncéiert hat, datt d’Parlament am Januar sou eng Propos diskutéiere géif. Déi digitale Protektioun vu Mannerjärege wier eng Prioritéit fir seng Regierung, ma d’Konformitéit mam internationalem Recht wier problematesch.
“Vill Etuden a Berichter confirméieren déi verschidde Risken, déi duerch en exzessiivt Notze vun digitale Bildschiermer bei Erwuessenen entstinn”, sou ass et am Gesetzesentworf ze liesen. Kanner mat onbegrenztem Online-Accès wieren “inappropriéiertem Contenu” ausgesat a kéinten ënner Cybermobbing oder Schlofstéierunge leiden, heescht et weider.
De Gesetzesprojet huet zwee verschidden Artikelen. Wärend den éischten Deel sech mam Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 15 Joer dréint, geet et am zweeten Deel ëm een allgemengen Handy-Verbuet a Lycéeën. Zanter 2018 gëtt et a Frankräich schonn esou ee Verbuet an de Spill- a Primärschoulen, dee reell awer nëmme seelen duerchgesat gëtt.
D’Propos vum Senat gouf elo un d’Assemblée Nationale weiderginn, déi den Text an engem nächste Schrëtt approuvéiere muss.