Jugendlecher verléieren hiren AccountWeltwäit éischte Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 16 Joer an Australien a Kraaft

AFP
Als alleréischt Land op der Welt huet Australien e Social-Media-Verbuet fir Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer agefouert.
Esou huet et haut op den Handye vu ville Jonken ausgesinn.
© STR/AFP

Betraff sinn deemno Online-Plattforme wéi Tiktok, Instagram a Snapchat an dat zanter e Mëttwoch Hallefnuecht (Lokalzäit). An d’Fournisseure musse sech drun halen, anerefalls riskéierte si eng Gekdstrof vun ëmgerechent bis zu 27 Milliounen Euro. Den australesche Regierungschef Anthony Albanese huet och dës Kéier nees déi ëmstridde Mesure verdeedegt. “Vill ze dacks sinn déi sozial Medien iwwerhaapt net sozial”, sou den Albanese. Si géifen awer dofir “als Waffe fir Mobbing, als Plattform fir Gruppenzwang, als Undriff vun Angscht an och fir Online-Iwwergrëff op Jonker” genotzt ginn.

Vun der neier Reegelung, déi fir vill Kritik gesuergt hat, sinn Honnertdausende Kanner a Jugendlecher an Australien betraff. A virun der laanger Summervakanz, déi an Australien nach virun de Feierdeeg ufänken, fléie se nach aus den Online-Netzwierker wéi der Video-Streaming-App Twitch, vun X oder nach de Video-Plattformen Tiktok a Youtube.

Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer géifen doduerch vum “endlose” Scrolle befreit ginn, sou nach den Albanese. Si kéinte sech lo vun hiren Handye lassléisen. “Verbréngt Zäit mat äre Frënn an ärer Famill, perséinlech”, esou hat de Regierungschef Reklamm fir säi Verbuet gemaach. Virun allem sollt déi nächst Schoulvakanz sënnvoll genotzt ginn, amplaz se nëmmen um Handy ze verbréngen.

D’Bedreiwer vun de Plattforme sinn dem Gesetz no an der Verantwortung, déi betraffe Konten ze läschen. Wann net, gëtt et wéi gesot deier. Ob si den Alter duerch d’Auswäerte vu Userdaten, Fotoe vun de User oder d’Virlaach vun hire Carte-d’identitéen iwwerpréiwen, bleift hinnen iwwerlooss.

Net betraff vum Verbuet sinn nëmmen e puer Servicer, wéi zum Beispill Whatsapp a Pinterest. D’australesch Regierung behält sech awer d’Recht vir, weider Ubidder op d’Lëscht ze setzen an ze verbidden.

Kritiker weisen drop hin, dass mam Verbuet, Kanner a Jugendlecher ënner 16 d’Méiglechkeet net méi kréien, iwwer Online-Netzwierker mat hire Kolleegen a Kontakt ze trieden a sech iwwer hir Problemer auszetauschen. Donieft géifen d’australesch Autoritéite selwer zouginn, dass vill Jonker versichen, d’Verbuet z’ëmgoen a bei der Altersiwwerpréiwung ze tricksen. Och weltwäit hat d’Verbuet fir Reaktioune gesuergt. Wëssenschaftler erhoffe sech Réckschlëss, awéiwäit d’Notze vu Social Media d’Gesondheet vu Jonke beaflosst. Neiséiland a Malaysia denken iwwert en änlecht Verbuet no.

Natierlech kritiséieren Internetgigante wéi Meta dës Beschränkung op d’Schäerfst. Eng australesch Organisatioun fir d’Rechter vun Internetuser setzt sech dann och dofir an, dass Jugendlecher nees en Zougang kréien.

Back to Top
CIM LOGO