
“Mir ginn eis Méi, fir eng besser Beaarbechtung vun den Demanden ze garantéieren”, seet déi franséisch Tourismusministerin Olivia Grégoire, déi um Donneschdeg a China reese soll. D’Zil vun dëser Rees ass et, d’Vertraue vun de chineeseschen Touristen ze gewannen. Et erhofft ee sech, dass doduerch méi Leit fir déi olympesch Spiller op Paräis fléien.
Virun der Corona-Pandemie haten iwwer zwou Millioune Chineese Frankräich am Joer 2019 besicht. Dat entsprécht ronn dräi Prozent vun allen Touristen, déi allerdéngs ronn 7 Prozent vun de Recetten am Secteur ausgemaach hunn. Ëmgerechent waren dat ronn 3,5 Milliarden Euro.
De chineeseschen Tourismus gëtt allerdéngs duerch déi héich Präisser fir e Fluchbilljee an déi limitéiert Unzuel vun de Flich gebremst. Dëst kënnt ënnert anerem dohier, dass AirFrance wéinst dem russeschen Ugrëff op d’Ukrain aktuell net iwwer Russland flitt a sech d’Dauer vum Vol doduerch ëm zwou Stonne verlängert.
Aktuell bitt AirFrance all Woch 14 Vollen vun an a China un. Virun der Pandemie waren et der nach 32. En Ofkommen tëscht deenen zwee Länner gesäit esouguer bis zu 128 Flich pro Woch vir. Dëst ass allerdéngs zanter der Pandemie net méi a Kraaft. Esoulaang AirFrance nach en Ëmwee ronderëm Russland fléie muss, hätte si kee groussen Interessi dorun, méi Fligere fléien ze loossen.
Och d’Onrouen a Frankräich wärend leschtem Summer hunn dozou gefouert, dass d’Chineesen dem Ament éischter net esou gär a Frankräich fléien. “D’Chineese leeë vill Wäert op Sécherheet. Verschiddener entscheede sech fir eng Rees duerch Europa ouni dobäi a Frankräich ze kommen”, seet den Expert fir Tourismus Didier Arino.