
Den 23 Joer ale Mann soll viru méi wéi engem Mount aus Frankräich an Norwegen komm sinn, well hien do no enger Aarbecht gesicht huet. Vun enger lokaler Zeitung heescht et, datt déi meescht Vitessinfraktioune vu Radaren erfaasst goufen, vun deenen de Chauffer näischt wosst. Déi héchst Iwwerschreidung soll et den 20. Februar ginn hunn, wéi hien op enger 70er-Strooss mat 113 Stonnekilometer ënnerwee war.
De Mann wier “eng Gefor fir de Verkéier”, esou dat zoustännegt Geriicht zu Oslo. Insgesamt koum hien op 25 Iwwerschreidunge vun der Héchstvitess, dat tëschent dem 6. an dem 25. Februar. U sech hätt hie musse fir 24 Deeg an de Prisong, well en awer alles gestanen huet, gouf d’Strof op 21 Deeg erofgesat.