Statistike widderleeën etFreideg den 13. ass keen Onglécksdag

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den 13. ginn et net méi Onglécker, wéi op aneren Deeg och. Dat weisen elo Donnéeë vun der Zurich-Gruppe Deutschland.
© ANDREAS SOLARO / AFP

D’Versécherung hat dës Donnéeën iwwert eng laang Zäit gesammelt an ausgewäert.

Freideg den 13. ass deemno net méi geféierlech, wéi aner Freideeg och. De Freideg den 13. am Januar 2023 goufen der Versécherung souguer 0,2 Prozent manner Onglécksfäll gemellt, wéi op aneren Deeg. Och d’Zuel 13 ass net mat méi Pech verbonnen, wéi aner Zuelen. Um 13. Dag vun engem Mount geschéien deemno och net méi Onglécker.

Zwar gëtt et natierlech eng Rei memorabel Accidenter, a gréisser a klenger Onglécker, déi gutt an Erënnerung bleiwen. Ze nennen wier hei zum Beispill d’Havarie vun der “Costa Concordia” den 13. Januar 2012, de Mord um Rapper Tucpac Shakur um 13. September 1996, ee Bankecrash um 13. Oktober 1989 oder nach ee Fligeraccident an den Anden um 13. Oktober 1972, bei deem 72 Deeg méi spéit wéi duerch ee Wonner awer nach Iwwerliewender opgedaucht ginn. Statistesch gesinn wieren esou Evenementer awer éischter Anomalien.

Fakt ass allerdéngs, datt op engem Freideg tatsächlech méi Onglécker geschéien, wéi op anere Wochendeeg - insgesamt läit de Risk hei esou guer ëm bis zu 10 Prozent méi héich.

Firwat de Freideg den 13. esou ee schlechte Ruff huet, ass net ganz kloer. A chrëschtlechen Länner kéint et dru leien, datt de Jesus op engem Freideg gekräizegt soll gi sinn. D’Zuel 13. huet am Mëttelalter iwwerdeems als “Dose vum Däiwel” gegollt.

A verschiddene Länner hunn d’Leit awer och Angscht virun aneren Onglécksdeeg. A Griicheland ass et den Dënschdeg, den 13., wärend Italien sech vun engem Freideg de 17. méi Pech erwaart.

Back to Top
CIM LOGO