
E Geriicht zu Marseille huet elo d’Prisongsstrof vun 8 Joer, déi an éischter Instanz géint den Zänndokter geschwat gouf, confirméiert. De Lionel Guedj war wéinst Kierperverletzung a Mutilatioun verurteelt ginn. Dem zoustännege Procureur no wier dem Guedj seng Praxis an engem vun den äermste Quartiere vu Marseille “eng reng Geld-Maschinn” gewiescht.
D’Geriicht huet elo ausserdeem ordonéiert, dass dem Zänndokter seng Villa, déi en am Virfeld vum Prozess u seng Fra iwwerschriwwen hat, grad ewéi eng Partie Autoen, e Boot, eng Rei Konschtwierker an 2,2 Milliounen Euro confisquéiert ginn.
De Guedj hat senge Patienten e Laachen, wéi dat vun de Filmstare versprach, fir hinnen dann esou vill Zänn ewéi méiglech ze zéien oder dës express futti ze maachen an hinnen da Krounen anzesetzen. Engem vun den Affer, enger Fra vun deemools 18 Joer, hat hie 24 Zänn gezunn. Wéi si géigeniwwer enger Zäitschrëft sot, hätt si no der Prozedur, Mondgeroch a Probleemer mat der Aussproch kritt.
Den Zänndokter hat seng Praxis am Joer 2005 opgemaach an hei deelweis 70 Patiente pro Dag behandelt. Zäitweis huet hie bis zu 80.0000 € pro Mount verdéngt.
Enger fréier Assistentin no soll de Guedj och Röntgenbiller manipuléiert hunn, fir méiglechst vill Protheesen ze verkafen. Hie soll esou vill Agrëffer ofgerechent hunn, dass hien 52 Stonnen den Dag hätt misse schaffen, wann all Agrëff korrekt duerchgefouert gi wier.