Serveurscourse an der StadGeschéck, Ausdauer a gutt Laun beim "Waiter's Hill Race" gefuerdert

Christophe Hochard
Geschéck, e bëssen Ausdauer a virun allem gutt Laun waren e Sonndeg de Mëtteg op der Corniche erfuerdert, fir déi zweet Editioun vun der Garçon-Course.

Et goung drëms esou séier wéi méiglech e Plateau mat Gedrénks iwwer en 3,5 km laange Parcours duerch d’Alstad ze transportéieren an dobäi esou mann wéi méiglech ze verschëdden. An och nach gutt auszegesinn. D’Jury huet och de Styling bewäert.

Et goung ëm en Iessen an engem gastronomesche Restaurant. Fir d’Kandidaten - iwwregens net all berufflech Serveuren - war de Präis awer just Motivatioun ënner villen.

Geschéck, Ausdauer a gutt Laun beim "Waiter's Hill Race" gefuerdert
Et goung drëms séier e Plateau mat Gedrénks iwwer en 3,5 km laange Parcours duerch d’Alstad ze transportéieren an dobäi esou mann wéi méiglech ze verschëdden.

Back to Top
CIM LOGO