
Wéi d’indescher Eisebunnsgesellschaft Indian Railways e Méindeg confirméiert huet, ass ee mat Kiselsteng chargéierte Gidderzuch ronn 70 Kilometer vum Bundesstaat Jammu a Kaschmir op Punjab gefuer, dat ouni Maschinist a mat enger Vitess vu bis zu 100 Kilometer an der Stonn. De Virfall géif ënnersicht ginn.
Éischten Informatiounen no hat den Zuch sech e Sonndeg op enger Gare an Nordindien selbststänneg gemaach. Opgefall ass dat awer eréischt, wéi den Zuch schonn eng Zäitche gerullt ass. De Geeschterzuch konnt um Enn mat Hëllef vu Bléck aus Holz, déi op de Schinne placéiert goufen, gestoppt ginn.
Videoe vum Zuch ouni Chauffer hunn op de Soziale Reseauen den Tour gemaach. U sech sollt op enger Gare am Bundesstaat Jammu d’Personal getosch ginn. Nodeems de Maschinist a säin Assistent erausgeklomme waren, ass den Zuch, deen am Biergof stoung, einfach weider gerullt. Fir Accidenter ze verhënneren, gouf séier reagéiert a sämtlech Passagen op der Streck gespaart.
Kengem ass eppes geschitt. Mat et hätt och kënnen anescht ausgoen.
An Indien ass den Zuch dat wichtegst Verkéiersmëttel. All Dag gi Millioune Mënschen transportéiert, ma de System ass vereelzt a misst dréngend sanéiert ginn. D’Regierung huet och schonn riseg Zommen investéiert, a Garen an an Anlage fir d’Signalisatioun.