Fake-Accounten an de soziale MedienGoufen Är Donnéeën och scho vu Frieme genotzt oder kopéiert?

RTL Lëtzebuerg
D'RTL-Opmaachung awer och déi vun anere Medienhaiser ginn an de soziale Medien ëmmer nees vun Onéierlecher mëssbraucht.

Dacks ass et de Fall, datt dann am bei de Leit bekannte Look “Gewënnspiller” ze organiséieren oder fir Reklamm fir Produiten ze maachen.

Net seelen ass et awer och de Fall, datt de Look einfach eent-zu-eent kopéiert gëtt an déi Fake-Säit gëtt sech als déi echt Säit vun der Entreprise, Organisatioun, ONG oder vum Veräin aus. Ma si schrecken esouguer net dovunner zeréck, fir de Look vun der Säit vun enger Privatpersoun ze kopéieren, mat all den Daten an all de Posts vun dëser Persoun.

Mir probéieren erauszefannen, ob dëst hei am Land dacks de Fall ass, wéi wäit déi Onéierlech ginn a wat een dogéint maache kann. Fir dëst nozevollzéien, siche mer verschidde Beispiller. Wann Dir, Är Organisatioun oder Äre Veräin scho vun esou engem Fall betraff waart, deelt eis et mat.

Back to Top
CIM LOGO