North CarolinaHaus um Strand gëtt vu staarke Stréimungen a Stuerm fortgespullt

RTL Lëtzebuerg
Am US-Bundesstaat North Carolina huet en Haus un der Küst bei Rodanthe de staarke Stréimungen an dem Wand net duergehalen.
Haus gëtt vu Welle fortgespullt
Vidéo: Reuters

D’Stelzen, op deenen dat onbewunnte Vakanzenhaische stoung, goufe vum Mier ëmspullt an hunn dunn nogelooss. Mat engem grousse Platsch war den Dram vun entspaante Vakanzen um Mier fir d’Besëtzer am Mier verschwonnen.

D’Haus war eent vun zwee, dat en Dënschden de Wellen zum Affer gefall ass. D’Park Services hate virdru schonn de Beräich ofgespaart an et koum keen zu schued.

Wéi d’Washington Post schreift, war eent vun den Haiser eréischt leschten August als Vakanzenhaus fir 550.000 Dollar vun zwee Geschwëster kaf ginn. Si haten awer ni eng Nuecht do verbruecht - am November hat schonn een anere Stuerm den Ofwaassersystem beschiedegt an d’Haus gouf als onbewunnbar erkläert.

Back to Top
CIM LOGO