
No enger Pann un hirem Motorboot waren déi dräi Männer iwwer eng Woch laang op engem Pazifik-Atoll gestrant. Wéi d’US-Garde côtes matdeelt, huet de Schrëftzuch “HELP”, deen déi dräi Männer mat Palm-Blieder an de Sand geschriwwen hunn, hinne wuel d’Liewe gerett.
Duerch den Hëllefsruff war et nämlech engem Fliger vun der US-Marinn méiglech, d’Männer e Sonndeg op der Mini-Insel vum Pikelot-Atoll ze fannen. D’Coordinatrice vun der Sich- a Rettungsaktioun bezeechent d’Virgoe vun de Männer, déi schonn eng gewëssen Erfarung op Séi hunn, als “beandrockende Beweis vun hirem Wëllen, fonnt ze ginn”. Ouni dës Iddi wieren d’Retter warscheinlech net bei déi Vermësst gefouert ginn.
D’Männer waren der Garde côtes no um Ouschtersonndeg vum bewunnte Polowat-Atoll am Westpazifik opgebrach. Bal eng Woch méi spéit, de 6. Abrëll, huet eng Niess si als vermësst gemellt. Een Dag méi spéit hätt e Rettungsfliger den Hëllefsruff an d’Männer op Pikelot entdeckt.
Eegenen Aussoen no huet d’US-Marinn fir d’éischt Iwwerliewenspäck erofgeheit an e Méindeg e Funkapparat, iwwer deen d’Männer matgedeelt hunn, datt et hinne géing gutt goen, hiert Boot awer net méi funktionéiert. En Dënschdeg goufe si dunn op Polowat zréckbruecht.