
Mat roudem Graffiti a Form vun Hänn hunn Onbekannter d’Gedenkmauer an aner Plazen am historesche Quartier Marais besprayed, an deem traditionell vill Judde wunnen. Dat ënnert anerem op Schoulen a Maison-relaisen.
D’Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo huet, wéi d’Noriichtenagence AFP schreift, de Graffiti eng “ongehéierlech Dot” genannt an erkläert, datt eng Plainte gemaach gi wier. Fir de Rot vun de Jiddeschen Institutiounen a Frankräich wier d’Aktioun eng “haasserfëllte Ruff géint Judden”.
De 14. Mee 1941 gouf et zu Paräis déi éischt Masseverhaftunge vun auslännesche Judden. Och haut lieft a Frankräich no Israel an den USA déi gréisst jiddesch Communautéit.
Zanter dem Ufank vum Krich tëscht Israel an der Hamas ass d’Zuel un antisemittesche Virfäll staark geklommen.
