
Jiddweree kennt et: Et sëtzt ee mat sengem Popcorn gemittlech am Sëtz, et freet ee sech op e gudde Film a, kloer, iert de Film iwwerhaapt lassgeet, ginn och déi neisten Trailere fir Filmer gewisen, déi nach guer net eraus sinn. Dës Trailere ginn, üblecherweis, dem Alter vum Public ugepasst. Am Fall vun engem Kannerfilm wéi “Paw Patrol”, sollt een och dovunner ausgoen, dass och Trailere fir Filmer lafen, déi fir Kanner-An bestëmmt sinn.
Ma dëst ass leschte Sonndeg den 1. Oktober zu Oochen am Kino wuel definitiv schif gaangen. Virum Animatiounsfilm “Paw Patrol”, dee virun allem fir méi kleng Kanner ass, goufen ongewollt Horro-Trailere gewisen. Konkret waren dëst Trailere fir d’Filmer “Saw X” an den neien “Exorzist”, déi als FSK-18 an Däitschland aklasséiert sinn, also explizitt fir Spectateuren déi iwwer 18 Joer al sinn.
De Moritz Stürtz, Chef vun der Gesellschaft “Cineplex-Kinos” huet de Virfall dann och säitens der “Aachener Zeitung” confirméiert: “Et ass leider richteg, dass duerch eng héchst onwarscheinlech Verkettung vun technesche Feeler, kombinéiert mat mënschlechem Versoen, e puer Trailere mat der FSK 12 gewise goufen.”
Well déi allerschlëmmsten Zeenen an de Filmer net an den Trailere sinn, sinn dës selwer och ab 12 Joer a kënnen dohier och engem gréissere Public gewise ginn, och wann de Public fir “Paw Patrol” dofir trotzdeem nach ëmmer vill ze jonk war. Den “technesche Feeler” soll den Dag selwer fonnt gi sinn a gouf behuewen. Et wier e “lokale” Problem gewiescht sinn, aner Kinoen vun der Chaîne wieren net betraff.
Verschidde Medie mellen, dass Eltere mat de Kanner de Kino verlooss hunn an dass d’Opreegung generell grouss war, souwuel bei de Kanner, wéi bei den Elteren. Déi Verantwortlech vum Kino hate sech dono nach virun deem den eigentleche Film lassgaangen ass, beim Sall, an deem de Virfall geschitt ass, entschëllegt an hunn als Kompensatioun gratis Kinostickete verfeelt, esou de Moritz Stürtz weider.