Gréisst Croisièresschëff op der Welt"Icon of the Seas" huet sech op seng éischt Faart gemaach

RTL Lëtzebuerg
D'Schëff, wat fir Royal Caribbean International gebaut gouf, ass fënnef Mol esou grouss wéi d'Titanic an huet bal zwou Milliarden US-Dollar kascht.
© Photo by Marco BELLO / AFP

E Samschdeg ass zu Miami an den USA mat der “Icon of the Seas” dat gréisst Croisièresschëff vun der Welt op seng éischt Faart an d’Karibik gestart. Um Schëff ass Plaz fir méi wéi 5.600 Passagéier, dobäi kommen 2.350 Leit, déi u Bord schaffen. Et ass knapp 365 Meter laang an 48,8 Meter breet an huet ronn 20 Decks. Topspeed sinn 22 Kniet, also ronn 41 Kilometer an der Stonn. D’Schëff fiert ënnert dem Fändel vun de Bahamas.

Gedeeft gouf d’Schëff iwwregens vu kengem anere wéi dem argentinesche Futtballstar vun Inter Miami Lionel Messi.

© Photo by Marco BELLO / AFP

LINK: Weider Detailer bei eise Kolleege vun RTL Infos

Back to Top
CIM LOGO