Start an d'Neit JoerImpressioune vun de Feierlechkeete ronderëm d'Welt

RTL Lëtzebuerg
Vu Karibati iwwer Samoa bis Australien sinn d'Mënschen an d'Joer 2024 gestart. Och an Europa huet d'Neit Joer ugefaangen.

D’Mënschen um Südsee-Atoll Kiritimati hu weltwäit als éischt d’Joer 2024 begréisst. Déi knapp 7.300 Bewunner sinn um 11 Auer Lëtzebuerger Zäit an d’Neit Joer gestart. Nëmme 15 Minutte méi spéit war et op den Chatham Islands, déi zu Neiséiland gehéieren, souwäit. Si leie knapp 800 Kilometer ëstlech vun Neiséiland an hunn hir eegen Zäitzon.

Start an d'Neit Joer
Impressioune vun de Feierlechkeete ronderëm d’Welt.

Eng Stonn no Kiritimati hunn Neiséiland wéi och d’Inselstaate Samoa an Tonga de Joreswiessel gefeiert. Zu Auckland, der gréisster Stad an Neiséiland, stoung den 328 Meter héije Sky Tower am Zentrum vun enger grousser Liichtshow mat 500 Kilogramm Pyrotechnik.

Grousse Spektakel a ville Stied

Um 14 Auer Lëtzebuerger Zäit gouf dann zu Sidney an Australien dat traditionell risegt Freedefeier virun der weltberüümter Kuliss der Harbour Bridge an der Oper ugefaangen. Eleng do goufen iwwer 13.500 Knupperte mat allerlee Spezialeffekter gezünt.

A villen asiatesche Metropole ware och grouss Freedefeieren ze gesinn. Impressionant waren d’Biller och aus Dubai.

Gefeiert gouf dann och an de Länner an Europa. Mat vill Spektakel gouf d’Joer 2024 begréisst.

Amerikanesch-Samoa, dat nëmmen 220 Kilometer ëstlech vu Samoa op der anerer Säit vun der Internationaler Datumsgrenz läit, war dat lescht Land, dat d’Joer 2024 ugefaangen huet - zwielef Stonnen no Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO