
Zanter Jore geléngt et dem Wladimir Kusnezow an Alexej Stoljarow, auslännesch Politiker a Perséinlechkeeten aus dem ëffentleche Liewen an e Gespréich ze verwéckelen. Zu hire vergaangenen Affer zielen ënnert anerem d’Angela Merkel, de Chef vun der US-Noutebank Jerome Powell an d’Presidentin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde.
Den 18. September hunn déi zwee Komiker “Wovan” a “Lexus” der italieenescher Premierministesch Giorgia Meloni ugeruff a sech als afrikanesch Politiker ausginn. Am Gespréich kënnt et zu engem politeschen Ausrutscher.
Op de Krich bezunn, dee Russland géint säin Nopeschland féiert, géing d’Premierministesch “vun alle Säiten” eng “grouss Middegkeet” kënne feststellen. Si géing observéieren, dass d’Géigenoffensiv vun der Ukrain “villäicht net esou leeft, wéi si dat erwaart haten”.
D’Audiodatei gouf vun de russesche Komiker op de soziale Medie publizéiert.
De Virfall wier der italieenescher Premierministesch peinlech. Virun engem gudde Joer huet si mat hirem Mandat an der Politik Fouss gefaasst. Hiert Verhältnis mam Emmanuel Macron wier besonnesch ugespaant an aus dem Gespréich geet ervir, dass de franséische President hir Uriff wuel net beäntwere géif.
Déi italieenesch Regierung bedauert, dass d’Giorgia Meloni den Onéierlechen zum Affer gefall ass. An enger Erklärung heescht et, dass ee sech géing beméien, fir “d’Bezéiungen zu afrikaneschen Autoritéiten ze stäerken”.