
Ironescherweis staamt de Paschtouer eigentlech aus Kolumbien, war awer zulescht an der Gemeng Rivisondoli an den Abruzzen täteg. Virun e puer Deeg hat de Mann no engem Owesiessen en Accident mam Auto, sou d’Zeitung “Il Messaggero”. Hie soll op enger Autobunn e Luuchtepotto ze pake kritt hunn.
De Paschtouer koum an d’Spidol, wou seng Blessure behandelt goufen. Hei gouf niewebäi am Labo eng grouss Quantitéit u Kokain a sengem Blutt festgestallt.
Wéi den Affekot vum Paschtouer de Medie géigeniwwer seet, hätt hien d’Drog net express geholl gehat a schwätzt vun engem Mëssverständnes.
Déi nächst Deeg wäerten d’Virwërf iwwerpréift ginn. De Paschtouer muss, niewent senger Suspendéierung vu sengem Posten, och d’Gemeng verloossen a 6 Méint fort bleiwen.