Éischt Raclette-WMIwwer 10.000 Kéis-Frënn hu sech Rendez-vous ginn

RTL Lëtzebuerg
An de Schwäizer Alpen ass um Sonndeg op 1.300 Meter Héicht déi éischt Raclette-Weltmeeschterschaft op en Enn gaangen.
© AFP

Vun deenen 90 Kéiszorten, déi wärend deenen dräi Deeg vun der Veranstaltung zu Morgins getest goufen, koumen déi meescht aus der Schwäiz. Och de Gewënner. An deenen dräi Kategorië vun der Kompetitioun konnt just ee franséische Kéis iwwerzeegen a krut d’Sëlwermedail.

“Alleguer d’Leit hei si kleng Produzenten, déi am Ufank vum Summer mat hire Kéi op d’Alm ginn”, seet de Grënner vun der Raclette-WM Henri-Pierre Galletti. De Concours wier eng Méiglechkeet, fir “hir Aarbecht ze appreciéieren, déi haart awer wierklech schéin ass”.

An der Kiche goufen d’Kéiser ënnert elektresche Raclette-Griller fir op d’mannst 30 Sekonnen erhëtzt. De geschmolte Kéis gëtt doropshin op en Teller gekraazt an dann enger Jury zerwéiert. “De Goût ass am Fett”, seet de Racleur Jean-Michel Dubosson wärend der WM.

De Juror a “Raclette-Popst” Eddy Baillifard seet, si “sichen no enger Raclette, déi cremeg a glat ass. Eng, déi schéin ausgesäit an eng schéi Faarf huet.” Wat de Geschmaach betrëfft, wier déi richteg Textur wichteg: “keng Fiedem, keng Schnéier, kee Knätsch”.

De Groussdeel vum Kéis koum aus dem Wallis oder aus de franséischen Alpen. Allerdéngs waren och eenzeler aus dem Recht vun der Schwäiz, der Belsch, Kanada, Italien a Rumänien vertrueden. Fir déi nächst Editioun hu sech och schonn Interesséierter aus Groussbritannien, Japan, Norwegen, Schweden a Kirgistan gemellt.

Frënn vum Kéis fënnt een deemno an der ganzer Welt a genuch dovu gouf et op der éischter Raclette-WM op alle Fall.

Back to Top
CIM LOGO