
Japan huet um Freideg en neie Versuch gestart, mat enger onbemannter Sonde um Mound ze landen. Dat nodeems am Abrëll 2023 dat japanescht Landemodüll “Hakuto-R”, dat privat entwéckelt gouf, un der Mounduewerfläch futti gaangen ass.
Bei der Landung ass dës Kéier awer och eppes schif gaangen, sou datt d’Solarzellen u Bord den Ament keng Sonn kréien, also den Elektresch an e puer Stonnen dierft verbraucht sinn.
De Moundlandemodüll SLIM war schonn de 7. September a Richtung Mound gestart a ass dëse Freideg géint 16.20 Auer gelant.
Deemno war d’Sonde schonn zanter iwwer 4 Méint ënnerwee. Grond dofir ass, datt de SLIM, éier e sech a Richtung Mound gemaach huet, e puer Mol d’Äerd ëmkreest huet, wouduerch manner Sprit verbraucht gouf wéi bei engem Direktschoss, mat deem d’Sonde an e puer Deeg um Mound gewiescht wier.
Mat dobäi huet de SLIM en éischter ongewéinlecht Instrument. Mam klenge ronne Roboter “SORA-O”, deen un en Droid aus Star Wars erënnert, sech ausernee klappe kann a sech wéi eng Deckelsmouk beweegt, wëll Japan de Mound entdecken.
Japan ass no den USA, der Sowjetunioun, China an Indien dat fënneft Land, deem eng Moundlandung geléngt.