
Mat groussem Opwand inklusive Helikopterasaz gouf bei eisen däitschen Noperen nom Jong gesicht. Dee war e Mëttwoch am Nomëtteg als vermësst gemellt ginn, wéi no der Schoul Stoppches gespillt gouf an hien net méi opgetaucht ass.
De Jong hat sech clevererweis am Schoulbus verstoppt. Do huet keen e fonnt, ma en huet och déi ganz Nuecht am Gefier verbruecht. Eréischt den anere Moien huet e Buschauffer hien entdeckt, dat nodeems de Busbetrib nees sollt wéi gewinnt lassgoen. De Jong louch ënner enger Sëtzbänk. Him goung et gutt an e koum nees zeréck bei d’besuergten Elteren.