
Elo huet den 19 Joer jonke Mann allerdéngs selwer Problemer kritt, dat mat der däitscher Justiz. Wéi d’Police vun Hannover en Donneschdeg matdeelt, huet e Jugendlechen d’Déier an der Bäckerei gefilmt a kuerz drop “eng Geldzomm am niddregen dräistellege Betrag” vum Proprietär vum Geschäft gefuerdert. Dësen huet sech awer net drop agelooss a refuséiert, déi gefuerdert Zomm ze bezuelen.
D’Police präziséiert, dass de jonke Mann d’Maus e Freideg den Owend gefilmt hat an ass dunn de Méindeg drop nees an der Bäckerei opgedaucht. Hei huet hien d’Sue gefuerdert an domat gedreet, de Video un d’Santé an Däitschland ze schécken, wann dëst net géif säitens dem Bäcker bezuelt ginn. Ma de Proprietär vun der Bäckerei war selwer dee Moment net am Geschäft an huet dem Erpresser awer iwwert Telefon ze verstoe ginn, dass een net géif bezuelen.
Net nëmme gouf net bezuelt, ma e Mataarbechter vun der Bäckerei huet du relativ séier d’Police geruff. D’Beamte sinn och kuerz drop an der Bäckerei opgedaucht an hunn dem 19 Joer ale Jugendlechen erkläert, dass géint hien de Verdacht vun enger versichter Erpressung géif virleien. Och wann dëse als Reaktioun wollt fortlafen, konnt hie séier festgeholl ginn.