Knupperten op SilvesterJugendlecher an Nordrhein-Westfalen verléieren Hand a Fangeren

RTL Lëtzebuerg
Knupperten op Silvester ginn net just wéinst dem Kaméidi ëmmer méi op ville Plaze verbueden, se sinn och nach geféierlech.
© AFP Archivbild

Am nordrhein-westfäleschen Nordkirchen krut e Bouf vun 13 Joer seng Hand duerch e Knuppert ewech gerappt an 14 Joer ale Jugendlechen huet beim Ufänke vu Knupperten zwee Fangere verluer, wéi d’Police vu Coesfeld matgedeelt huet.

Béid Jugendlecher haten e Méindeg den Owend zu Nordkirchen am Krees Coesfeld Knupperte vun der Kategorie F3 ugefaangen, déi just vu besonnesch qualifizéierte Persoune mat Zertifizéierung ofgebrannt däerfe ginn. Wéi si un dës Knupperte komm sinn, gëtt nach ermëttelt. Onkloer sinn déi genee Ëmstänn vum schwéieren Accident. Béid Jonker koumen an d’Spidol.

Och an anere Bundeslänner goufe Kanner a Jugendlecher duerch Knupperte blesséiert

Am Landkrees Anhalt-Bitterfeld a Sachsen-Amhalt gouf e Jonke vu 14 Joer schro verwonnt, nodeems e Knuppert a senger Hand explodéiert ass. A Sachsen goufen dräi Kanner am Alter vun 10 an 13 Joer duerch Knupperte blesséiert, déi si op engem Parking zu Pirna fonnt haten.

Ma net just Kanner an der Silvesternuecht betraff

An Däitschland sinn dräi Männer bei Accidenter mat Pyrotechnik ëm d’Liewe komm. Donieft gouf et sëllege Blesséierter. Wéi réischt en Dënschdeg bekannt gouf, ass an der Silvesternuecht am Krees Euskrichen e Kand vun dräi Joer, dat op enger Mauer souz, vun engem Knuppert getraff, deen ëmgefall war. D’Kand ass dobäi erofgefall a gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO