Wéinst Mord ugeklotKanadier soll Dausende Selbstmord-Setten online verkaaft hunn

RTL Lëtzebuerg
Rieds geet vun op d'mannst 14 Fäll, wéinst deenen hien och ugeklot ass. Hie soll déi Betraffen tëscht 16 a 36 Joer indirekt ëmbruecht hunn.
© flickr

Et handelt sech hei ëm de Kach Kenneth Law, dee ronn 1.200 Päckelcher mat der déidlecher Substanz a 40 Länner geschéckt soll hunn. Eleng a Kanada sollen op d’mannst 14 Mënsche mat dëser Substanz hirem Liewen en Enn gesat hunn.
De Kenneth Law gouf elo wéinst Mord a 14 Fäll ugeklot. Ma d’Ermëttler fäerten awer, dass eleng d’Zuel un Affer a Kanada nach dierft klammen, well am Land ronn 160 Päckelcher verschéckt goufen. Weltwäit wier d’Zuel un Affer nach net novollzéibar.

A Groussbritannien beispillsweis hunn der brittescher Police no 272 Mënschen beim Law seng Substanz bestallt, 88 dovunner si kuerz drop gestuerwen.

De Kenneth Law ass am Mee a Kanada festgeholl ginn, deemools nach wéinst Bäihëllef zum Mord. Elo gouf d’Uklo op Mord erhéicht. Den 58 Joer ale Kanadier wëll sengem Affekot no op onschëlleg plädéieren.

Bei de Päckelcher soll et sech ëm Natriumnitrit an enger quasi puerer Form handelen, déi dann a Form vu Pudder verschéckt gouf an héich gëfteg ass.

Back to Top
CIM LOGO