
E Meedche vun engem Joer, dat a sengem Kannersëtz am Auto souz, hat d’Autosschlësselen an d’Fanger kritt, huet drop gedréckt an d’Dieren zougespaart, wärend d’Mamm baussent dem Auto stoung. Dës huet d’Police zu Siegen an NRW geruff.
Wéi et vun der Police heescht, hätten d’Beamten dem Meedchen dunn duerch d’Fënster vum Auto hiren Autosschlëssel gewisen a gedëlleg virgemaach, wou een drécke muss, fir datt sech den Auto nees opspäert, sou e Policespriecher. D’Meedchen huet et um Enn och fäerdegbruecht.
Esou hätt d’Kand sech selbststänneg aus senger mësslecher Lag befreie kënnen. Fir d’Poliziste war den Asaz domadder eriwwer.