
Dëst Urteel kéint ee Joer Prisong fir den Jonathan Majors als Konsequenz hunn.
Marvel wëll hien net méi als Haapt-Béisen an der aktueller Serie vu Marvel-Filmer (MCU). D’Figur “Kang The Conqueror” war réischt Ufank 2023 an “Ant-Man and the Wasp: Quantumania” als Antagonist fir déi nächst Joren opgebaut ginn.

Dëst ass ee weidere Coup fir Marvel. Déi vill Filmer a Serien op Disney+ hunn een Iwwersättegungseffekt beim Public mat sech bruecht. D’Marvel-Filmer si jo an de leschte Jore manner erfollegräich gewiescht. De leschte Film “The Marvels” ass souguer ganz schlecht un der Kinoskeess gestart. D’"Multiverse"-Geschichte vu Marvel maache storytechnesch alles méiglech, wat awer bei de Spectateuren éischter als “alles egal” kann ukommen.
Den Jonathan Majors hat sech Enn Mäerz dëst Joer mat senger 30 Joer aler Frëndin gestridden. Si wollt säin Handy huele wéinst enger SMS vun enger Fra. Et koum zu enger Iwwerreaktioun vum Acteur. Viru Geriicht goufe Muster vu Mëssbrauch an der Bezéiung festgehalen, déi dozou gefouert hunn, datt de Majors seng Ex-Frëndin geschloen an harceléiert huet.
De Majors war och a Filmer wéi “Creed III” a “Lovecraft Country” ze gesinn.