
Wéi d’Beamte mat bloe Luuchten bei der Gare ukoumen, hu sech déi zwee Bouwen séier hir Kagulle vum Kapp gezunn a sech op eng Bänk gesat. Deen Trick huet awer net bei der Police gezunn.
Op de Virfall ugeschwat, hunn d’Kanner zouginn, dass dee Jéngste vun hinne wollt de Kiosk an der Gare iwwerfalen. Hien hat säi véier Joer méi ale Kolleeg dozou iwwerriet, matzemaachen. Bei der Perquisitioun hunn d’Polizisten dunn eng Spillwaff an e Messer fonnt. D’Spëtzbouwe koume mat op de Policebüro a goufen do spéider vun hiren Erzéiungsberechtegten ofgeholl.