Wéinst respektlosem VerhalenKeen Accès fir Touristen am japanesche Geisha-Quartier

RTL Lëtzebuerg
Touriste verhale sech wéi "Paparazzien" oder wéi wa si am "Fräizäitpark" wieren. Vun Abrëll u sinn si am Geisha-Quartier zu Kyoto net méi wëllkomm.
© AFP / Yuichi YAMAZAKI

Nodeems d’Unzuel vun den Touriste wärend der Covid-19-Pandemie staark erofgaange war, sinn d’Massen un Touristen zu Kyoto elo nees do. Leider géinge si sech allerdéngs vill ze dacks donieft behuelen. Ëmmer nees géingen Touristen un de Geisha hire Kimonoen zeien, si belästegen oder esouguer Zigarettestëmp op si geheien.

Am Joer 2019 goufe wéinst dësem Probleem, dee scho méi laang bekannt ass, Schëlder opgestallt, wou drop steet, datt een an de private Stroosse keng Fotoe maachen dierf. Weider hat ee schonn eng Geldstrof vun 10.000 Yen, ëmgerechent ronn 62 Euro agefouert.

Trotzdeem gëtt et nach ëmmer d’Mëssverständnes, datt d’Geishae Prostituéierter wieren. Allerdéngs sinn si qualifizéiert Entertainerinnen, déi eng Ausbildung am japaneschen Danz hunn, Musek maachen, mat hire Gäscht spillen a Geschichten erzielen.

Lescht Joer goufen et offiziell méi wéi 22 Milliounen Touristen. A well d’Geishaen nach ëmmer esou vill belästegt ginn, gouf elo decidéiert, datt d’Touristen keen Accès méi an déi privat Stroossen zu Kyoto kréie sollen.

“Mir wäerten Touristen am Abrëll opfuerderen, sech vu private Stroossen ewechzehalen”, sot de Isokazu Ota vum Stadrot géintiwwer der AFP.

Back to Top
CIM LOGO