Trotz ProtesterKirgistan kritt en neie Fändel

RTL Lëtzebuerg
Den aktuellen Design erënnert ze staark un eng Sonneblumm. Deen neie soll e Wirtschaftswuesstem mat sech bréngen, ma net jiddereen ass dofir.
© AFP/VYACHESLAV OSELEDKO

D’Parlament zu Bischek huet um Mëttwoch enger Ännerung vum nationale Fändel zougestëmmt. 59 Deputéierte waren dofir, nëmme fënnef dogéint. An Zukunft soll d’Symbol um Fändel net méi un eng Sonneblumm, mee “däitlech u Sonnestralen” erënneren. Et géing ee sech erhoffen, dass dës indirekt fir méi e grousse Wirtschaftswuesstem suergen.

Aktuell ass um Fändel zwar och schonn eng Sonn mat 40 Stralen op roudem Hannergrond ze gesinn, ma déi wier net kloer genuch ze erkennen a gëtt ze dacks mat enger Sonneblumm verwiesselt. E roude Rang an der Sonn, mat sech kräizende Linnen, steet fir déi traditionell kirgisesch Nomaden-Zelter duer.

Den Design ass “zweedeiteg”, seet de Parlamentspresident Nurlanbek Schakijew, ee vun deenen, déi dat neit Gesetz initiéiert hunn. Déi Versioun befreit d’Land vu senger “Onselbststännegkeet”, fënnt och de President Sadyr Dschaparow. “Bis elo hu vill Leit geduecht, dass eng Sonneblumm op eisem Fändel wier an eist Land dowéinst net op eegene Been stoe kéint”, erkläert hien Enn Oktober. “An Zukunft wäert eng Sonn fir eis schéngen”, dat op en “autonoomt an entwéckelt Land” hoffe léisst.

D’Iddi gefält allerdéngs net alle Bierger. Ufank Dezember hunn Dosende Mënsche an der Haaptstad géint eng Ännerung vun hirem Fändel protestéiert.

Back to Top
CIM LOGO