
D’Stad Köln huet annoncéiert, datt de Begrëff “Spielplatz” vum Hierscht un offiziell duerch “Spiel- und Aktionsfläche” ersat gëtt. Dës Decisioun gouf an enger Matdeelung vun der Verwaltung un d’Jugendhëllef-Kommissioun bekannt ginn. Duerch d’Ëmbenenne vun de Spillplaze misste ronn 700 Schëlter an der Stad ausgetosch ginn, sou de “Kölner Stadt-Anzeiger” um Mëttwoch.
Dës Matdeelung vun der Stad Köln hat e Mëttwoch fir vill Diskussioune bei de Kölner a Kölnerinnen awer och iwwer d’Grenze vu Köln eraus gesuergt. E Mëttwoch den Owend huet d’Buergermeeschtesch Henriette Reker reagéiert an ass zeréckgeruddert. Si ass op d’Distanz zu de Pläng gaangen an huet annoncéiert, d’Ëmbenennung un eng Decisioun vum Rot vun der Stad Köln ze knäppen.
“Ech perséinlech fannen d’Bezeechnung ´Spillplaz´ kloer a verständlech an hunn op Grond vun den Erausfuerderungen, virun deene Köln steet, kee Versteesdemech dofir, datt sech d’Verwaltung mat der Neigestaltung vu Spillplazschëlter beschäftegt”, sou d’Reker der Noriichtenagence DPA géintiwwer. De 4. September soll iwwer déi nei Schëlter ofgestëmmt ginn.
Als Grond fir d’Ëmbenennung hat d’Verwaltung vun der Stad Köln uginn, datt déi aktuell Schëlter net méi zäitgeméiss wieren an net méi am Aklang mat der kommunaler Strategie wieren.

Déi nei Bezeechnung wier gewielt ginn, fir däitlech ze maachen, datt dës Fläche fir “verschidden Alters- an Zilgruppe” sinn an net nëmme fir Kanner. Virun allem misst dem Inclusiounsgedanke Rechnung gedroe ginn. Esou géife bei den neie Schëlter d’Diversitéit vun den Notzer, déi ënnerschiddlech Altersgruppen, hir kulturell Hannergrënn a méiglech Behënnerunge berécksiichtegt ginn.
