NeiséilandKoppel klaut Lego-Steng am Wäert vun 20.000 neiséilänneschen Dollar

RTL Lëtzebuerg
Déi neiséilännesch Police enquêtéiert géint eng Koppel, déi an 30 verschiddene Butteker Lego-Steng soll geklaut hunn.
© QUENTIN TOP / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP

Déi 45 Joer al Fra an hire 34 Joer ale Partner solle bei hiren Déifställ ëmmer d’nämmlecht virgaange sinn. Si hätten de Feieralarm vum Buttek ausgeléist, fir op dës Manéier fir Oflenkung ze suergen an ongestéiert Steng kënnen ze klauen. Op dës Manéier solle si an 30 Geschäfter Lego am Wäert vun am Ganzen 20.000 neiséilänneschen Dollar geklaut hunn.

Am Kader vun der Police-Enquête gouf et och eng Perquisitioun, bei där en Deel vun de geklaute Steng fonnt gouf.

Déi zwee presuméiert Brigange sollen nieft den Déifstall och wéinst dem onerlaabten Ausléise vun de Feieralarmen ugesicht ginn.

Back to Top
CIM LOGO