
Déi norwegesch Krounprinzessin huet sech enger erfollegräicher Longentransplantatioun ënnerzunn. Wéi d'norwegescht Kinnekshaus e Mëttwoch matdeelt, wier déi entspriechend Operatioun - dem aktuelle Stand vun den Informatiounen no - erfollegräich verlaf. Dat gouf och vum Medezinner Arnt Fiane vum norwegesche National-Spidol zu Oslo confirméiert.
Déi 52 Joer al Mette-Marit war un enger seelener Form vu Longefibros erkrankt, enger Krankeet, déi fir Otemschwieregkeete suergt.