Norwegesche Palast deelt matKrounprinzessin Mette-Marit op der Waardelëscht fir eng Longentransplantatioun

AFP
Déi 52 Joer al norwegesch Krounprinzessin Mette-Marit leit un enger onheelbarer Longekrankheet, wéinst där si elo op eng Waardelëscht fir eng Longentransplantatioun gesat gouf. Dat huet de Kinnekspalast zu Oslo e Freideg matgedeelt.
Die an einer unheilbaren Lungenkrankheit leidende norwegische Kronprinzessin Mette-Marit wartet auf ein Spenderorgan: Die 52-Jährige sei auf die Warteliste für eine Lungentransplantation gesetzt worden, erklärte der Königspalast in Oslo.
Déi 52 Joer al norwegesch Krounprinzessin Mette-Marit leit un enger onheelbarer Longekrankheet, wéinst där si elo op eng Waardelëscht fir eng Longentransplantatioun gesat gouf.
© NTB/AFP/Archiv

Hire Gesondheetszoustand wier "eescht", esou de Longendokter Are Holm vum Rikshospitalet zu Oslo an der Matdeelung vum Palast. D'Krounprinzessin sollt dowéinst esou "séier wéi méiglech" eng Longentransplantatioun kréien.

Wärenddeem si op d’Transplantatioun waart, kéint si hiren offizielle Verflichtungen net nokommen, huet et vun engem Spriecher fir de Palast geheescht. Och de Krounprënz Haakon an de Rescht vun der kinneklecher Famill hunn hir Rendez-vousen ugepasst.

Déi bis ewell fir den August geplangte Feierlechkeeten zu der Sëlwerhochzäit vun der Krounprënzekoppel goufen dowéinst verréckelt. Och bei der Gëllener Hochzäit vun der schweedescher Kinnekskoppel den 13. Juni wäerten den Haakon an d'Mette-Marit net derbäi sinn.

D'Mette-Marit hat 2018 bekannt ginn, datt si un enger seelener Form vun der Longefibros géif leiden. Déi onheelbar Krankheet féiert dozou, datt sech ëmmer méi Narben an de Longe bilden, duerch déi et da schwéier gëtt, ze ootmen. Fir d’lescht war d’Prinzessin Mette-Marit an der Ëffentlechkeet méi dacks mat enger Sauerstoffmaschinn ze gesinn a si huet am leschte Joer schonn eng ganz Rei Auszäiten aus dem ëffentleche Liewe missen huelen.

Aus Suerg ëm seng Fra hat de Krounprënz Haakon fir d'lescht säi Besuch a Japan ëm een Dag verkierzt. E Mëttwoch ass hir gemeinsam Duechter, d'Prinzessin Ingrid Alexandra, vun hirem Studium an Australien heemkomm, fir hirer schwéierkranker Mamm bäizestoen.

De Krounprënz Haakon an d'Mette-Marit hate sech 2001 bestuet. D'Krounprinzessin war fir d'lescht wéinst hirer jorelaanger Frëndschaft mat dem antëscht verstuerwene Sexualstroftäter Jeffrey Epstein ënner Drock geroden. Hire Jong Marius Borg Hoiby aus enger fréierer Bezéiung muss sech ausserdeem zanter Februar wéinst Virwërf vu Vergewaltegung viru Geriicht veräntweren. Een Urteel géint hie gëtt sech fir de 15. Juni erwaart. Den 29 Joer ale Mann hat ugefrot, wéinst dem Gesondheetszoustand vu senger Mamm aus dem Prisong entlooss ze ginn, wéi säin Affekot Petar Sekulic e Freideg géigeniwwer vun norwegesche Medie sot.

Krounprinzessin Mette-Marit op der Waardelëscht fir eng Longentransplantatioun
Déi 52 Joer al norwegesch Krounprinzessin Mette-Marit leit un enger onheelbarer Longekrankheet.

Back to Top
CIM LOGO