Lëtzebuerger Student zu Freiburg"Langweileg gëtt et hei seelen"

RTL Lëtzebuerg
Ronn 4.500 Lëtzebuerger Studente sinn zejoert fir hir Etüden an Däitschland gaangen.
Lëtzebuerger Student zu Freiburg: "Langweileg gëtt et hei seelen"
Ronn 4.500 Lëtzebuerger Studente sinn zejoert fir hir Etüden an Däitschland gaangen.

Den 22 Joer ale Gilles Miny huet sech 2022 fir Freiburg-im-Breisgau entscheet, wou hie Medezin studéiert.

D’Stad a Baden-Württemberg am Südweste vun Däitschland zielt méi wéi 24.500 Studenten. 200 dovu kommen aus Lëtzebuerg, wéi de Gilles Miny, deen zanter Oktober 2022 hei ass. Vue dass Freiburg eng richteg Studente-Stad ass, ass se domat och eng vun de jéngste Stied an Däitschland - mat enger vun de renomméiertsten Unien am Land.

“Hei zu Freiburg gouf an der Medezin relativ vill gefuerscht an och vill entdeckt. An do huet een e grousse Respekt, wann ee weess, dass vill vun deem wat ee léiert, a wat an de Bicher steet, hei zu Freiburg entdeckt ginn ass.”

Als Fils vun enger Infirmierskoppel dreemt de Gilles Miny dovun Dokter ze ginn, zanter dass hien un der Säit vu sengem Papp ee Stage am Spidol gemaach huet. Hien ass begeeschtert vu Bio a Physik a verbréngt gär Zäit an der Bibliothéik. Seng aner Passioun ass de Sport. Zu Lëtzebuerg war de Gilles am Sportslycée. An zanter véier Joer mécht hien Triathlon. Een Ausdauersport, dee Schwammen, Vëlofueren a Lafe matenee kombinéiert. Zu Freiburg war hien eng Zäit laang Deel vun engem Triathlon-Trainingsgrupp, dee vun engem Trainer geleet gëtt, dee fir déi däitsch an déi lëtzebuergesch Federatioun geschafft huet.

Als begeeschterte Sportler, ass de Gilles Miny frou, dass een zu Freiburg séier an der Natur ass, wou hie reegelméisseg Lafen oder Vëlofuere geet. “Am Moment ass de Sport fir mech déi bescht Méiglechkeet, fir mech ze entspanen an en Ausgläich ze hunn nieft der Uni”, esou de Gilles Miny.

Och wann hie vläicht enges Daags zréck op Lëtzebuerg geet, fir do als Dokter ze schaffen, bleift de Lëtzebuerger elo mol nach e puer Joer zu Freiburg fir säi Studium ofzeschléissen – an där Stad, an déi hie sech verléift huet.

Am Video-Reportage kréie mir en Abléck an dem Gilles Miny säi Liewen zu Freiburg.

Back to Top
CIM LOGO