
De gréisste Spillsaacheproduzent vun der Welt konnt tëscht Januar a Juni e Nettobenefice vun 1,39 Milliarden Euro erzielen. Dat wieren 10 Prozent méi wéi d’Joer virdrun. D’Ventë sinn ëm 12 Prozent geklommen - fir dat sechste Semester hannertenee konnt den Ëmsaz verbessert ginn, op elo 4,64 Milliarden Euro.
Obwuel et an der aktuell volatiller Welt grouss Challengen a Problemer géif ginn, konnt Lego sech mat sengem Businessmodell a mat senger Astellung gutt behaapten, huet de CEO Niels Christiansen an engem Communiqué wësse gedoen. Am Géigesaz zur Konkurrenz vun Hasbro a Mattel huet déi dänesch Firma sech och net iwwert den Impakt vun den amerikaneschen Taxe beschwéiert. Lego konnt an den USA am zweestellege Beräich zouleeë beim Zouwuess, a baut de Moment am Virginia eng nei Fabrick. Aktuell kommen déi meescht vun hire Produite fir op den amerikanesche Marché aus enger mexikanescher Fabrick.
Lego huet am éischten Hallefjoer 314 nei Sette presentéiert, a 24 nei Butteker opgemaach. Weltwäit sinn et entretemps 1.079 Lego Storen. Wärend der Covidpandemie war Lego zur gréisster Spillsaachefirma vun der Welt opgestigen, virun Bandai Namco, Mattel an Hasbro. Staark Partnerschafte mat esou bekannte Franchisë wéi Star Wars oder Harry Potter hunn hir Spëtzepositioun ënnermauert.
