
D’Büst déi geklaut gouf huet e Wäert vun 30.000 Euro a gehéiert u sech dem Louvre, dat mellt virgule.lu mat Recours op regional franséisch Medien, wéi beispillsweis “France Bleu Lorraine Nord”.
U sech sollt de Prozess ëm de Lëtzebuerger Ugekloten en Dënschdeg den 20. Februar ugoen, ma gouf awer elo op September verréckelt, dat well de Riichter eng psychiatresch Expertis ugefrot huet.
Am August 2022 ass der Direktioun vun den Thermen an de Vogeesen opgefall, dass déi antik Statu, eng Büst vum Herkules, verschwonne wier. Et handelt sech hei em eng Statu aus dem 19. Joerhonnert, déi de Site am Joer 1932 vum Musée du Louvre geléint krut an zanterdeem do stoung. De Wäert vum Stéck gëtt op ronn 30.000 Euro geschat.

Op der enger Säit dierft d’Klaue vun der Statu manner problematesch gewiescht sinn, dat well de Site zu deem Moment fir 2 Joer zou war wéinst Bauaarbechten an d’Statu sou onbemierkt konnt geklaut ginn. Mat ronn 80 Kilo, déi den Objet op d’Wo bréngt, dierft den Transport awer deels Kraaft kascht hunn. Dohier huet och net missten agebrach ginn, wat den Déifstall natierlech net direkt offensichtlech gemaach huet fir déi Responsabel vun den Thermen.

Ma Zeien hunn allerdéngs gemellt, dass an der Géigend e Gefier mat Lëtzebuerger Placke stoung. De Proprietär vum Auto, e Lëtzebuerger, deen en Haus an de Vogeesen am Gaange war ze renovéieren, war séier fonnt. Net nëmmen hunn d’Autoritéiten zu Remiremont bei him déi geklaute Statu fonnt, ma och 12 Still an 2 Lithographien, déi och an den Therme geklaut goufen.
