
D’Traditioun, déi den USA bekannt als “Our Lady of Luxembourg” ass, geet op d’Joer 1875 zréck, wéi de Lëtzebuerger Paschtouer Joseph Gloden d’Commemoratioun nom Virbild vun der Oktav zu Lëtzebuerg agefouert huet.
De Joseph Gloden, gebuer zu Rëmerschen am Joer 1842, huet nodeems hien an d’USA ausgewandert ass och eng Porkierch gegrënnt, déi bis haut den Numm Our Lady of Luxembourg huet.
Fir den Anniversaire vun der Traditioun ze feieren – 400 Joer zu Lëtzebuerg an 150 Joer an den USA – gouf zu Carey am US-Bundesstaat Ohio eng speziell Prozessioun mat iwwer 100 Gleewegen ofgehalen, op där d’Statu vun der Muttergottes siwe Meile gedroe gouf.
Liest de kompletten Artikel bei eise Kolleege vum RTL Today.
Jubilé 400 Joer Pèlerinage: Frëndschaft mat Lëtzebuerg erneieren, en neie Fändel gouf an Optrag ginn