Stéchwuert "Flexitarier"Limitéiere vun der Äerderwiermung duerch Ëmstellung vun der Ernierung

RTL Lëtzebuerg
Eng Ëmstellung vun der Ernierung kéint dobäi hëllefen, d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.
© pexels.com / Dana Tentis

Dat geet aus enger Etüd ervir, déi am Fachmagasinn “Science Advances” publizéiert gouf. Deemno kéint eng Ernierungsweis, bei där Fleesch net méi all Dag oder net méi reegelméisseg giess gëtt - de sougenannte Flexitarismus - dozou féieren, dass besonnesch d’Emissioun vu Methan, déi opgrond vun der Déierenhaltung a Fleesch- a Mëllechproduktioun entsteet, erofgeet. Et géif also manner Zäregas ausgestouss ginn.

Iwwerdeems kéint manner Fleesch iessen och d’Präisser vun der Energie a vun de Liewensmëttel falen doen.

Back to Top
CIM LOGO